https://www.mwmw.lu/fr/prise-de-position/actualites/newsletter/

Newsletter 52: EDITORIAL vum President Jean-Jacques SCHONCKERT

September 2019

Als President hunn ech déi grouss Éier, eng Associatioun ze féieren, déi dëst Joer hiren 30te Gebuertsdag feiert. Eis Associatioun hat schwéier Kannerjoren – se gouf jo vun alle Säiten ugegraff – se hat duerno awer eng couragéiert Jugend an ass elo stabil an erwuesse ginn.

E Bléck no hannen lount sech deemno an dësem Kontext.

 Dësen Editorial soll also och op dës Geschicht zeréck kucken, och wann déi heiten Zeilen natierlech net all d’Detailer vun der Evolutioun vun eiser Associatioun kënnen erëmginn an och net all déi Leit wierdege kann, déi dozou bäigedroen hunn, dass sech hei am Grand-Duché d’Iddi duerchgesat huet, dass d’Dignitéit vum Stierwen enk verknëppt ass mat der Dignitéit vum Liewen.

Ween engem nämlech d’Recht wëllt ofstreiden, fir säi Liewensenn ze wielen, suergt anen- gems derfir, dass dee Mënsch net fräi, mee friembestëmmt ass.

Fir eis Geschicht z’illustréieren, kucken ech (dat nennt een duerfir eng „déformation professi- onnelle“) e bësse méi genee op d’Entwécklung vun eise Statuten.

DÉI URSPRÉNGLECH STATUTEN

Den 30. Juni 1988 huet sech e Grupp vun Idea- listen, ënnert der Leedung vum regrettéierten Dr Henri CLEES zesumme fonnt, fir d’Statute vun der ADMD-L (association pour le droit de mourir dans la dignité) z’ënnerschreiwen.

Zu deem Grupp huet deemools schon d’Lydie ERR gehéiert, déi sech spéider als Deputéiert illustréiert huet, wéi se, zesumme mat men-

gem Virgänger als President, Jean „Muck“ HUSS, eng Gesetzpropositioun an der Cham- ber agereecht huet, déi virun 10 Joer (do- vunner geet och rieds an dësem Bulletin) zum Vote vum Gesetz vum 16. Mäerz 2009 iwwert d’Euthanasie an d’Assistance au Sui- cide gefouert huet.

Dës Associatioun hat als Ziler:

• e Gesetz iwwert d’Euthanasie
• eng Garantie, fir de fräie Choix vum

Liewensenn an der Dignitéit

• déi gesetzlech Unerkennung vum biologeschen Testament.

D’Statuten hunn och kloergestallt, dass et net géif drëm goen, fir de Suicide aus „irrationelle Motiver“ ze fërderen…

Fir d’integralitéit vun der Newsletter ze liesen: https://www.mwmw.lu/fr/prise-de-position/actualites/newsletter/