Briefe an die Redaktion
Dat eent soll dat anert net ausschléissen
Net iwwerall ass d’Personal fir Palliativmedizin ausgebilt
Veröffentlicht am Dienstag, 4. Juli 2017 um 13:13
Ech hu leider an deene leschten zwee Joer zwee Persounen déi palliativ behandelt gi sinn op hirem leschte Wee misse begleeden an déi Erfarung bestätegt just nach méi meng Decisioun déi ech scho viru Jore geholl hunn, wéi ech mech fir d’Euthanasie ageschriwwen hunn.
Ech fanne Palliativmedezin eng wonnerbar Saach a sinn och méi wéi frou driwwer, dass duerch si enger Persoun déi net méi geheelt ka ginn d’Péng ka geholl ginn an déi lescht Liewenszäit nach sou schéi wéi méiglech gemaach ginn.
Leider hunn ech bei menge perséinlechen Erfarunge misste feststellen, dass hautzedaags nach laang net iwwerall d’Personal dat ee Palliativpatient betreit deementspriechend ausgebilt schéngt ze sinn.
Ausserdeem hunn ech d’Erfarung gemaach dass Palliativmedezin beim Patient deen um Stierwe läit schlussendlech näischt anescht ass wéi Euthanasie auf Raten.
D’Patiente si mat Morphium an ähnleche Medikamenter behandelt ginn an d’Dose sinn ëmmer méi erhéicht gi bis dass de Kierper déi Medikamenter net méi gepackt huet an de Mënsch gestuerwen ass.
Ech hunn erlieft dass ee Mënsch dee sech mat aller Kraaft géint den Doud gewiert huet ëmmer méi där Medikamenter kritt huet, um leschten Dag kruut sie nach zwee weider Baxtere bis si schlussendlech verstuerwen ass.
Ech well net soen dass dat schlecht war, schliisslech hätte béid Persounen ouni déi Medikamenter schlëmm gelidden a wahrscheinlech och méi laang. Mee an deem Stadium gëtt och d’Palliativmedezin den Deeg kee Liewe méi.
Firwat muss dann och dat eent dat anert ausschléissen? Ech fir mäi Liewe géif mir am Fall vun enger onheelbarer Krankheet wënsche palliativmedizinesch betreit ze ginn, bis dass d’Stierfphase ugefaangen huet an déi da mat enger eenzeger Sprëtz direkt ze beenden amplaz déi Phase mat Baxteren Deeg- oder wochelaang ze verlängeren.
Ofschléissend muss ech soen dass ech mech fir d’Euthanasie ageschriwwen hu fir eng Wiel ze hunn. An an engem modernen, demokratesche Land wéi Lëtzebuerg huet a muss och jiddereen d’Wiel hunn iwwert säi Liewen an och säi Liewensenn ze entscheeden.
Carlo Junck